Danke Christiane

2019, d’Joer vun der Verännerung an der Kontinuitéit:

Dem Christiane Betz e ganz grousse Merci

 

D’Joer 2018 huet fir d’ATE eng grouss Verännerung mat sech bruecht. Am November 2018, ass d’Christiane Betz an d’Pensioun gaangen.

D’Christiane war vun 1982 un aktiv bei der ATE. Hat war vun Ufank un en zentrale Pilier vun eiser Aarbecht, um Terrain mat eise Patienten a mat de Päerd, awer och am Comité, an no baussen. Hat huet iwwer 36 Joer ni mat senger Zäit an Energie gespuert fir d’ATE weider ze bréngen.

 

2019 ass dofir fir d’ATE d’Joer vun der Verännerung an der Kontinuitéit. Déi ganz Ekipp vun der ATE ass nämlech fest decidéiert, dem Christiane säi Liewenswierk héich ze halen. Mir wäerten och an Zukunft mat där nämmlechter Qualitéit an deem nämmlechten Engagement fir eis Patienten do sinn wéi all déi lescht Joren.

 

Mir soen dem Christiane e ganz grousse Merci fir säi joerzéngtelaangen Asaz! Ouni hat wär d’ATE net dat wat se haut ass!

Author: Isabelle Kremer

Comments are closed.