Mir vergréisseren eis Ekipp

D‘ Association thérapie équestre zu Monnerech sicht Reittherapeute fir hier Ekipp ze vergréisseren.
Et geet drëms stonneweis, Moies oder Mëttes, Therapien ze iwwerhuelen, dëst op Honorarbasis. De geneeë Kader vun der Therapien an déi méiglech Patiente kënne mer gäre beschwätzen.

Mir siche Léit mat engem pedagogeschen Grondberuff mat Zousatzausbildung mam Päerd (Educateur gradué, Sozialpedagog, etc)  oder therapeuteschen (Kiné, Ergo, Psycholog, etc) Grondberuff wou eng Reittherapeutausbildung vun Virdeel ass.

Mir bidden d’Infrastruktur, Material a vill verschidde Päerd déi no Ofsprooch mat ons kënne genotzt ginn.

Dëst interesséiert dech an du wëlls e puer méi Informatiounen, da mëll dech bei ons iwwer Mail oder schéck direkt däi CV mat Copie vum Diplom op eis EmailAdress : secretariat@atelux.lu

Author: Isabelle Kremer

Comments are closed.