Alles Gute zum Geburtstag

Die ATE feiert am 11. März 2022
ihren 40ten Geburtstag

Op den Daach genee viru 40 Joer, dem 11. Mäerz 1982 gouf d’Association thérapie équestre gegrënnt. Domat war d’ATE déi éischt Associatioun zu Lëtzebuerg déi Therapie mam Päerd ugebueden huet. Ganz kleng hu mer ugefaangen, mat Päerd di mir deemools just zur Verfügung gestallt kruten. Deemools hu mir eis haaptsächlech ob d’Hippotherapie, also der Kinesitherapie mam Päerd konzentréiert.

Iwwert Jore si mer vill gewuess, eist Therapieangebot huet sech vergréissert, an haut sinn mir an engem grousse Stall, deen et eis erlaabt, eis weider ze entwéckelen. Haut hunn mir 18 eegene Päerd (3 dovunner an der Pensioun), 3 fest MataarbechterInnen, 7 weider Therapeutinnen mat verschiddenen Ausbildungen a Stäerkten, méi wei 20 Hëllefen an onsereen Therapien an iwwer 10 Reiderinnen. Donieft hunn mir dëst Joer 5 Kanengescher adoptéiert, déi eis an eisen Therapien ënnerstëtzen.
Mëttlerweil kennen mir eisen PatientInnen eng villfältegt an flexibel therapeutesch Ënnerstëtzung ubidden:
✨Hippotherapie
✨Heilpädagigische Förderung mit dem Pferd
✨Psychomotorische Förderung mit dem Pony
✨Psychomotorische Frühförderung in Begleitung einer erziehungsberechtigten Person
✨Tiergestützte Therapie mit Hoftieren
Mir soen all deenen Leit an Associatiounen een ganz groussen Merci, déi eis iwwert déi lescht Joer ob déi eng oder aner Aart a Weis ënnerstëtzt hunn.
Dir wëllt der ATE een Gebutsdaagskado maachen? Dann kuckt ënnert folgendem Link laanscht: https://atelux.lu/de/unterstuetzen-sie-uns/

 

Author: Isabelle Kremer

Comments are closed.