Therapeuten gesucht

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

🐴 Mir sichen en Therapeut/in oder Pedagog/in mat Zousatzqualifikatioun als Reittherapeut/in.

👧🧒 Mir siche Verstäerkung fir d’Betreiung vu Kanner an der heelpedagogescher Fuerderung. Konkret geet et em Moies an der Woch an der Schoulzäit (firaussichtlech Méindes oder Freides vun 8:30-11:00) fir e Schoulprojet mat engem Grupp vu 5 Kanner. Bezuelung op Honorarbasis.

🌳 Zousätzlech si mer op der Sich no Therapeuten di Stonneweis an der Woch (zb Donneschden Mëtten) bei ons wéilte matschaffen, dëst op Honorarbasis. D‘Méiglechkeet besteet mat onseree ausgebilte Päerd Eenzel an/oder Gruppentherapien unzebidde, woubäi d’Abezéie vun onseree Klengdéieren och méiglech ass.

💡Falls der Iech ugesprach fillt, allerdéngs ons Ausschreiwung net op Iech passt, mëllt Iech roueg mat enger konkreter Iddi, mir sinn oppen Neies ze probéieren am Kader vun onsem globale Konzept.

Disponibilitéit no Ofsprooch, idealerweis ab Abrëll.

✍️Bei Interesse maacht ons eng Mail op secretariat@atelux.lu.

Author: Isabelle Kremer

Comments are closed.