19/06/2016 / Galerie / Commentaires fermés sur Porte Ouverte 2016
Fifty One – Grill
Fifty One- Gedrenks
Tombola
Kees
Ponyreiden
Kutsch mam Sandrine
an Marie Christine
Presentatioun Voltige
Knupperten vum Tricentenaire
E grousse Merci fir den super Konzert
E Pony geet opd Rees De klenge Shetlandpony Toni gouf vu sengem Päerdsfrënd Hansi verlooss a sicht elo no engem neie Sënn a sengem Liewen.
Ohh, wat fillen ech mech sou eleng. Mee obwuel ech kleng si, wëll ech eppes Grousses leeschten. Lo ginn ech mol kucken, wou ech nach gebraucht ginn. Ech si mol gespaant, wou mäi Wee mech hiféiert!
Lied Text: Toni ist einsam und macht sich auf den Weg er weiss nicht zu wem und wohin die Reise geht Dann traf er viele Freunde kleiner Shetty wo willst du hin? Ich bin auf der Suche nach meines Lebens neuem Sinn
Hien trefft opd Sola, hat muss üben! Well ech als Isländerpäerd net richteg tölte kann, gewanne meng Besëtzer um Turnéier keng Präisser mat mir a lo wëlle sie mech verkafen.
Dei 2 gin zesummen weider.
Dann kennt Dream, hat as traureg well…
… hat schon al as! Wéi hat nach jonk war, huet etvill Kanner reide geléiert, a lo wëlle se hat net méi!
« Ech sinn dach schliisslech Donna, also wierklech! Wat erlabe se sech eigentlech. Wat mengen se wie si sinn! » Hat kennt grad vum Casting vu „Black Beauty“ an nëmme well hat e puer Zentimeter ze kleng as, kritt ech déi Roll net an elo gëtt hat net berühmt! Hat geet och mat, an iwwerhellt Regie.
Eclair: Oh la la, du schéi schwaarz Miirchen!!! Donna: Wat fir e Macho!
Den Eclair as taureg, hien huet einfach kee Succès méi bei de Meedercher.
Donnie: (zum Vincent) Wat ass dat da fir eng cool Frisur? Sou eng hätt ech och gär! Vincent: Oh nee, jidderee schwätzt ëmmer nëmme vun mengen Zacken, dobäi kann ech souvill méi, mee dat gesäit een net.
Eclair (zum Donna) Kuck mol, wär deen zackegen Typ do éischter eppes fir dech?
Donna: Wat bass du e léiwe Kärel, dech kann ee bestëmmt gutt knuddelen. Donnie: Oh jo gären, dierfe mir 2 Fjorden da matkommen? Natiirlech!
Chivas kennt ran, jidereen mescht emmer den Geck mat him, weint sengem komeschen Flecken an den Puschelen un den Been, hat schleisst sech och un.
Dream: Hey, dat Päerd erënnert mech irgendwéi un e Film aus menger Kandheet. Donna: Kenne mir eis aus dem Fernseh? Sara: Dat war eemol viru laanger Zäit. Lo sinn ech net méi gutt genuch fir Pippi Langstrumpf, well meng Punkte geschrumpft sinn.
Chivas: Wat bass du dann sou granzeg? Nina: Pardon, sou sinn ech eben. Ech brauch ëmmer e bessi Zäit an neie Situatiounen. Dofir hunn ech och musse fort vu menge Besëtzer, well si hunn sech d’Zäit net geholl, fir dat Gutt a mir ze fannen.
Vincent: Wow, dir do mat de laangen Oueren, kommt bei eis! Jack: Mir sinn awer keng Päerd, mir sinn Ieselen! Ginger: A wiehere kënne mir och net, lauschter mol! Iah-Iah-Iah
So zogen die Tiere gemeinsam durch die Welt Sie stellten sich die Frage wo es ihnen wohl gefällt Dann sahen sie ein Pferdchen das spielte so allerlei sie wollten wissen was das für eine Arbeit sei
Sie sichen all zesummen en néien Senn an hierem Liewen….
an kommen bei en Pärd wat spillt…
Eclair: Hallo, wee bass du dann? Si mir hei am Zirkus gelant? Joe: Nee, ech sinn de Joe a schaffen an engem Reittherapiestall. Chivas: Wat ass dat dann? Wéi eng Problemer hues du dann, dass du an eng Therapie muss?
Joe: Ech brauch keng Therapie! Ech schaffen als Therapiepäerd! Toni: A wat méchs du do sou? Joe: Ma bei mech komme Mënschen, jonker an aler, deenen et net sou gutt geet. Ech droe si dann op mengem Réck, spillen an schmuse mat hinnen, fir dass et hinne rëm soll besser goen.
Wow! Joe: Déi Leit déi hei am Stall mat mir schaffen, Reittherapeuten an Hëllefen, hu vill Gedold a kucke richteg gutt no eis Déieren, fir dass mir och laang zesummeschaffe kënnen.
Oh mei, wat vill Päerd! Sinn dat alles Frënn vun dir, Joe? Mir kéinten e puer nei Therapiepäerd gutt gebrauchen.
Chefin kukkt sech all Pärd un: Dream…
Donnie…
Chivas…
Sara…
An esou koum et, dass all eis véierbeeneg Frënn um Schluss vun hirer Rees en neie Sënn an hirem Liewen fonnt hunn an elo frou an zefridden bei der ATE eng super Aarbecht leeschten!
Nun sind unsre Freunde an ihrem Lebensziel sie werden Therapiepferd und das im grossen Stil sie helfen vielen Menschen egal ob gross ob klein sie verbreiten Freude und müssen nicht perfekt sein
Comments are closed.