Wir ziehen um

 

 

Wouhinner? a Wéini? fannt Dir am  Flyer.

Eisen neien Therapiezentrum ass méi grouss, méi schéin a méi modern. Hei kréie mir d‘Méiglechkeet eis therapeutesch Aktivitéiten auszebauen an ze diversifizéieren, an dëst wäert all eise PatientInnen a Kanner zegutt kommen!

Méi therapeutesch Méiglechkeeten, an nach méi Qualitéit, dat heescht awer och méi Käschten. Mir hoffen dofir weiderhin op eng grouss Solidaritéit vun eise Sponsoren an Donateuren, déi déi lescht zwee Joer scho riseg Efforte fir d‘ATE gemaach hunn. Zousätzlech musse mir eis Tariffer vun den Therapien upassen. Detailer dozou kritt Dir vun e Méindeg un bei eis am Stall.

Mir freeën eis immens a kënnen et net erwaarden, Iech deemnächst eisen neien Therapiestall virzestellen 😊!

Author: Isabelle Kremer

Comments are closed.