Fréijoersfest

Am 5 Mai 2024 findet unser Frühjahrsfest statt.
Kommt  uns besuchen  und verbringt einen netten Tag mit uns und unseren Tieren.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Zirkus
Den Zirkusprojet am September ass mëttlerweil e feste Bestanddeel an onsem Kalenner. Ob onsem Fréijoersfest wëlle mir Iech alleguer weise wat ons Päerd an ons Kanner zum Thema Zirkus alles sou geléiert hunn.
Den Entrée ass gratis a lass geet et um 14 :30.

En Mëtten fird Kanner
Haut gëtt et d’Méiglechkeet eis Haffdéieren besser kennen ze léieren a mat hinnen Zäit ze verbréngen an eng flott Aktivitéit  vun enger hallwer Stonn aus dem Beräich vun der déierengestetzter Therapie ze maachen. Jiddereen dierf hei deelhuelen.

Fir des Aktivitéit kann een sech sur Place umellen duerch de Kaf vun engem Bong vun 8€.

Moies  waart de Sinai op Iech an ons Kanéngercher, Mëttes sinn et dann eis Hinger a Mierschwéngercher. Opgepasst d’Plaze sinn limitéiert.
Um 16:00 sin eis Päerd prëtt firm at Iech e Fotoshooting ze maachen mat enger Fotobox. Eng Foto kritt dir hei schon fir 2€.

Wéider Aktivitéiten
Den Hobby Horse Parcours ass de ganzen Dag op, Moies besteet Méiglechkeet ze üben an sech dono fir onst Turnéier anzeschreiwen. Gestart gëtt op engem klenge Sprangparcours. Dëst ass gratis an et waarden flott Gewënner op Iech.

Déi Kreativ ënnert Iech kënnen sech en Houfeise kafen an dëst dono dekoréieren. Facepainting bidde mir natierlech och un.

Knupperten
Fir déi 2te Kéier op der néier Adress komme „Knupperten“ fir e flotte Concert. D’“Knupperten“ sinn eng Band vum Foyer Tricentenaire vu Walfer a setzt sech zesummen aus de Bewunner a Betréier. Kommt an erlieft bei Kaffi an engem gudde Stéck Kuch e Concert mat Gesang, Getrommel  a virun allem vill Passioun a Begeeschterung.

Fir den Honger an den Duscht
Dëst Joer gëtt Gegrillt, natierlech hu mer och un eis Vegetaresch a Vegan Besicher geduecht. Als Dessert kënnt der Iech e leckeren Eisekuch oder e gutt Stéck Kuch schmaache loossen. An der Buvette empfänkt Iech ewéi all Joer eisen treie Partner de Service Club Fifty One.

Kackalotti an Tombola
Versicht äert Gléck bei onsem Kackalotti. Kaaft Iech e Feld an hofft dass eis Päerd hir Bommelen dran ofleeën. De Verkaf gëtt bis 14:00 dono dierfen eis Päerd sech um Spillfeld de Bauch voll friessen.

Author: Isabelle Kremer

Comments are closed.