Wir suchen

 

Persoun mat Managementerfarung

Mir siche fir an de Verwaltungsrot vun der A.T.E. eng Persoun, déi Zäit a Loscht huet fir sech benevoll an der Féierung vun eiser Asbl. ze engagéieren. Mir erwaarden eis:

  • Managementserfarung
  • Leadership
  • Gutt politesch a privatwirtschaftlech Vernetzung
  • Ënnerstëtzung an der der Promotioun a Koordinatioun vu Projeten
  • Kompetenz fir Projeten ze geréieren
  • Fäegkeet eng global, kloer an dynamesch Visioun vun der Rentabilitéit an der Evolutioun vun der A.T.E. ze hunn
  • Fäegkeet fir d’Aarbecht ze analyséieren, ze evaluéieren an ze rapportéieren
  • Fäegkeet Problemer riguréis ze analyséieren a Léisunge virzeschloen
  • Teamgeescht, gudde Kontakt am Austausch mat der Equipe
  • Déierefrënd*in

 

Persoun mat gudden Informatikkenntnisser

Mir siche fir an de Verwaltungsrot vun der A.T.E., oder als externe Beroder, eng Persoun, déi Zäit a Loscht huet f

ir sech benevoll an eiser Asbl. ze engagéieren, déi gutt informatesch Kenntnisser huet, an sech ëm Follgendes këmmere kann :

  • Update a Gestioun vun eisem informatesche Material besteeënd aus Apple Ekipementer (MacOS an iOS)
  • Gestioun vun eisen aktuellen an zukünftegen informatesche Systemer, Begleede vun der Mise en Place vu Software, zum Beispill vun enger Plattform fir de Partage vu Fichieren
  • Berodung am Hibléck op kreativ IT-Léisunge fir d’Besoine vun der A.T.E. ofzedecken
  • Berodung bei der Mise en Place vu käschteneffizienten a benotzerfrëndlechen Hardware- a Software-Léisunge fir d‘Besoine vun der A.T.E. ofzedecken, am Respekt vun der Informatiounssécherheet a vum Dateschutz
  • Begleedung vun de Mataarbechter vun der A.T.E. bei IT-Problemer bzw. Froen zu den informateschen Outilen
  • Begleedung a Berodung bei der Kommunikatioun a Verhandlung mat externe Prestatairen

 

Persoun mat gudden RGPD Kenntnisser

Mir siche fir an de Verwaltungsrot vun der A.T.E., oder als externe Beroder, eng Persoun, déi Zäit a Loscht huet fir sech benevoll an eiser Asbl. ze engagéieren, an déi gutt Kenntnisser am Beräich Dateschutz (Réglement Général sur la Protection des Données etc.) a gutt Kenntnisser am Beräich Informatiounssëcherheet huet, sou wéi un hirer praktescher Uwendung am Alldag an an der administrativer Aarbecht vun eiser Associatioun.

 

Author: Isabelle Kremer

Comments are closed.