Persoun mat Managementerfarung
Mir siche fir an de Verwaltungsrot vun der A.T.E. eng Persoun, déi Zäit a Loscht huet fir sech benevoll an der Féierung vun eiser Asbl. ze engagéieren. Mir erwaarden eis:
- Managementserfarung
- Leadership
- Gutt politesch a privatwirtschaftlech Vernetzung
- Ënnerstëtzung an der der Promotioun a Koordinatioun vu Projeten
- Kompetenz fir Projeten ze geréieren
- Fäegkeet eng global, kloer an dynamesch Visioun vun der Rentabilitéit an der Evolutioun vun der A.T.E. ze hunn
- Fäegkeet fir d’Aarbecht ze analyséieren, ze evaluéieren an ze rapportéieren
- Fäegkeet Problemer riguréis ze analyséieren a Léisunge virzeschloen
- Teamgeescht, gudde Kontakt am Austausch mat der Equipe
- Déierefrënd*in
Persoun mat gudden Informatikkenntnisser
Mir siche fir an de Verwaltungsrot vun der A.T.E., oder als externe Beroder, eng Persoun, déi Zäit a Loscht huet f
ir sech benevoll an eiser Asbl. ze engagéieren, déi gutt informatesch Kenntnisser huet, an sech ëm Follgendes këmmere kann :
- Update a Gestioun vun eisem informatesche Material besteeënd aus Apple Ekipementer (MacOS an iOS)
- Gestioun vun eisen aktuellen an zukünftegen informatesche Systemer, Begleede vun der Mise en Place vu Software, zum Beispill vun enger Plattform fir de Partage vu Fichieren
- Berodung am Hibléck op kreativ IT-Léisunge fir d’Besoine vun der A.T.E. ofzedecken
- Berodung bei der Mise en Place vu käschteneffizienten a benotzerfrëndlechen Hardware- a Software-Léisunge fir d‘Besoine vun der A.T.E. ofzedecken, am Respekt vun der Informatiounssécherheet a vum Dateschutz
- Begleedung vun de Mataarbechter vun der A.T.E. bei IT-Problemer bzw. Froen zu den informateschen Outilen
- Begleedung a Berodung bei der Kommunikatioun a Verhandlung mat externe Prestatairen
Persoun mat gudden RGPD Kenntnisser
Mir siche fir an de Verwaltungsrot vun der A.T.E., oder als externe Beroder, eng Persoun, déi Zäit a Loscht huet fir sech benevoll an eiser Asbl. ze engagéieren, an déi gutt Kenntnisser am Beräich Dateschutz (Réglement Général sur la Protection des Données etc.) a gutt Kenntnisser am Beräich Informatiounssëcherheet huet, sou wéi un hirer praktescher Uwendung am Alldag an an der administrativer Aarbecht vun eiser Associatioun.
Comments are closed.